Funktionalitéiten
All Resultater sinn iwwert dem Menüpunkt 'Kaarten' accessibel. Déi dialektologesch Situatioun am Land gëtt mat verschiddene Kaarten illustréiert. Eng 'Iwwerbléckskaart' weist déi heefegst Variant pro Kanton oder Gemeng. Wa méiglech gëtt och eng al Kaart aus dem 'Luxemburgischer Sprachatlas' vun 1963 als Verglach gewisen, fir d'Verännerung vun der Dialektlandschaft par rapport zu haut ze visualiséieren. D''Kaarten nom Alter' ginn den Iwwerbléck vun der regionaler Verbreedung fir eeler, mëttel-al a jonk Spriecher.innen. Donieft ginn d''Variantekaarten' méi an den Detail an illustréieren déi genee Verbreedung vun enger Variant pro Gemeng.
Fir déi sozial Dynamik vun der Variatioun ze analyséieren, gëtt d'Verdeelung vun de Variante par rapport zu de soziale Kategorien 'Alter', 'Geschlecht', 'Dialektgebitt', 'Ausbildung', 'Sproochkompetenz am Däitschen', 'Sproochkompetenz am Franséischen', 'Mammesprooch' a 'Sproochlech Aflëss' visualiséiert.
Ënner 'Statistesch Analysen' si verschidde statistesch Analysen ze fannen, déi d'Korrelatioun mat soziale Facteure méi am Detail ënnersiche, ënner anerem mat enger logistescher Regressiounsanalys an enger Random Forest-Analys.
D'Sektioun 'Korrelatioun mat sozio-demografesche Facteure vun der Gemeng' offeréiert eng weider Perspektiv op d'Variatioun, andeems den Zesummenhank vum perséinleche Variantegebrauch mat de sozio-demografesche Facteure vun der Gemeng wéi z.B. dem 'Degree of Urbanisation' (DEGRUBA), der Zuel vun den Awunner pro km2, dem 'Indice socio-économique' vum STATEC oder dem Grad vun der Immigratioun analyséiert gëtt.
Iwwer 'Audio' kann een all eenzel Audioopnam och lauschteren.
De 'Kaartekatalog' lëscht all Kaarten op, déi an dësem Atlas ze fannen sinn. Hei kann och noch verschiddene Kategorie gesicht ginn, z.B. no eenzelne Varianten, Kontexter etc.
Bibliografie
Entringer, Nathalie, Peter Gilles, Sara Martin & Christoph Purschke. 2021. Schnëssen. Surveying language dynamics in Luxembourgish with a mobile research app. Linguistics Vanguard 7(s1). 20190031. https://doi.org/10.1515/lingvan-2019-0031.
Gilles, Peter. 2023. Regional variation, internal change and language contact in Luxembourgish: results from an app-based language survey. Taal en Tongval 75(1). 29–57. https://doi.org/10.5117/TET2023.1.003.GILL.
De Variatiounsatlas zitéieren
Gilles, Peter (2021): Variatiounsatlas vum Lëtzebuergeschen. https://infolux.uni.lu/variatiounsatlas (leschten Accès 07.08.2021).
News & Updates
Nei Kaarten
Statistesch Analysen: D’logistesch Regressioun ass iwwerschafft an et gi lo d’Resultater fir eng kombinéiert Analys vu langEduIndex_raw, Alter, Geschlecht an Dialektgebitt gewisen. Eng nei Visualiséierung erlaabt e séieren Iwwerbléck iwwer signifikant Facteuren.
Nei Kaarten
Nei Sektioun: Statistesch Analysen
Hei fënnt een e Lineare Modell, d’Variable Importance an eng Random Forest-Analys. Beim Lineare Modell gëtt déi heefegst Variant als Referenzvariant (=1) gesat an all aner Varianten zesummegefaasst (=0). Fir e linearen Effekt beim Alter nozeweisen, kuckt déi lineare Gläichung ‘Alter.L’. Wa si signifikant ass, dann hëlt d’Referenzvariant mam Alter linear zou (bei positivem ‘Estimate), respektiv of (bei negativem ‘Estimate’). D’Interpretatioun ass also ëmmer op d’Entwécklung vun der Referenzvariant ze bezéien.
Nei Kaarten
Nei Kaarten
Nei Kaarten
Nei Korrelatioun: Sprooch- & Educatiounsindex, deen de Variantegebrauch no enger Gewiichtung vun Däitschkompetenz (20 %), Franséischkompetenz (30 %) an Educatioun (50 %) klassifizéiert. Als e Beispiell weist d’Variabel ‘Offizéiesch’ wéi den Index d’Varianteverdeelung beaflosst, i.e. méi ‘Offizéiesch’ (a manner ‘Offizéierin’) wat den Index méi héich ass (= méi sproochlecht an Educatiounskapital).
Kartéierung: Op deenen eenzelne Variantekaarte gëtt lo op der Basis vun der Gemeng kartéiert. Domat kritt een e méi detailéierten Iwwerbléck. D’Iwwerbléckskaart baséiert onverännert op der Verbreedung pro Kanton, wat e méi globalen Iwwerbléck erlaabt.
Nei Kaarten
Nei Kaarten
Nei Kaarten
Nei Kaarten
Nei Kaarten
Wielt eng Variabel
Kaartekatalog
Iwwersiicht iwwer all Variabel am Atlas. Mam Link vun der Variabel kann een direkt op d’Kaart sprangen.
Impressum & Merci
Realiséiert ass dëse Site mam bslib a Shiny op der Platform R. De Source-Code fir de Variatiounsatlas ass um GitHub accessibel. D’Grafiken an Tabelle ginn dynamesch generéiert a kënne sou zu all Moment och mat neien Date gefiddert ginn. En décke Merci un de Bruno Rodrigues an den David Solito/Adwire fir hir impressionant Hëllef mam R & Shiny!
D’Audioopname goufe manuell ausgewäert a klassifizéiert vun: Studenten op der Uni Lëtzebuerg, Participanten an de Schnëssen-Workshoppen, eisen Hiwien (M. Gomes, L. Werdel, N. Roettgers, L. Blum, D. Muller, J. Oestreicher, P. Breser), dem S. Schmit, G. Forster an natierlech der Schnëssen-Equipe. En décke Merci och un si all!
D’Schnëssen-Ekipp
Kontakt
Peter Gilles - peter.gilles@uni.lu Departement fir Geeschteswëssenschaften Institut fir lëtzebuergesch Linguistik a Literaturen Universitéit Lëtzebuerg Campus Belval
© 2021-2023, Peter Gilles, Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft
Kaarten